Den Théid gëtt al

Wann
Dienstag, 23. Januar, 2018
20:00 - 21:30

Addresse
120, rue de l'Alzette
4010 - Esch-sur-Alzette, Luxemburg
Théâtre d'Esch


Den Théid gett aldentheater.lu weist dat neit Stéck op Lëtzebuergesch vum Raoul Biltgen.

Den Théid gëtt al. An e gëtt zur Laascht fir d’ganz Famill. Bis den Théid enges Daags ophält mat schwätzen. Einfach esou. Ass en dement? Oder huet e soss eppes? Kee weess et. Mee et mécht déi ganz Saach net onbedéngt méi einfach. Op der anerer Säit: Et kann ee sech jo och eng Hëllef organiséieren. An do ginn et dach mat Sécherheet genuch jonk Fraen, déi grad als Flüchtling am Land sinn, déi sech iwwert e klengt Täschegeld freeën. Sou kënnt d’Afif an d’Haus. De Problem ass, datt hatt offensichtlech weder Franséisch, nach Däitsch oder Englesch, a scho guer kee Lëtzebuergesch schwätzt. Mee wann den Théid jo och näischt méi seet, dann trëfft sech dat dach perfekt.

Dat neit Koméidistéck vum Raoul Biltgen beschäftegt sech domadder, wéi mat de Leit ëmgaange gëtt, déi op Hëllef ugewise sinn, déi Al an déi Friem. An datt esou muenches, wat ënnert dem Deckmäntelche vun der Nächsteléift gesot gëtt, näischt aneschtes ass, wéi sech selwer d’Liewen esou einfach ewéi méiglech ze maachen. Do kann engem d’Laache scho mol am Hals stieche bleiwen. Mee wien als leschte laacht …

Première

Den 31. Oktober 2017 am Kapuzinertheater

Weider Virstellungen

Den 2. an 3. November 2017 am Kapuzinertheater
Den 23. Januar 2018 am Escher Theater
Den 2. Februar 2018 am ArcA Bartréng
Den 3. Februar 2018 am Cape zu Ettelbréck
Den 8. Februar 2018 opderschmelz zu Diddeléng
Den 23. Februar 2018 an der Schungfabrik zu Téiteng

Regie: Tom Dockal
Dekoren: Jeanny Kratochwil
Beliichtung: Jang Krippler
Et spillen: Sharon Arendt, Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Fritz, Luc Lamesch

Author Bio

Nach oben